| 8.30 |
Begréissung vun der Madame Buergermeeschter Tilly Metz
|
| 8.45 |
Kaffi a Croissant am groussen Zelt virun der HaalWarming up an der Sportshaal vun eisen Jogger an Walker ënner der Leedung vum Fit a Flott Weiler-la-Tour
Rendez-vous vun den Mountainbiker virun der Sportshaal
|
| géint 9.00 |
Groussen Départ vun den Mountainbiker ënnert der Team-Leedung vum Jemp Berscheid a sengen Mountainbike-Frënn an a prominenter Begleedung vum Benoît Joachim
Nom Warming up, groussen Départ vun den Jogger a Walker matt un der Spëtzt Memberen vum Fit a Flott
|
| géint 10.00 |
Départ vun eisen Primärschoulkanner ënner der Leedung vum Schoulpersonal an Elterenvertrieder. All Kand leeft en klengen Parcours um Site ënnert engem Parrainage.
Prominent Ennerstëtzung: Véronique Linster a Ken Diederich
|
| 10.30-22.30 |
CDS Limousine chaufféiert eis prominent Gäscht op den Site. Den ganzen Daach gin eis Promien vum VIP-Parking matt der VIP-Limousine op den Site bruecht, wou sie vun charmanten Hostessen empfaang gin an an den VIP-Beréich begleet gin.
|
| géint 11.00 |
Concert Apéritiv matt der däitscher Musikformatioun Martha
|
| géint 11.30 |
Apéritiv am Banquet-Zelt matt Los Figaros
|
| géint 12.00 |
Gala-Menü am Banquet-Zelt: 5-Gang-Menü gekacht vun den Star-Käch Christian Kohn an Yves Krack, Dessert offréiert vum Léa Linster, Baamkuch offréiert vun der Pâtisserie Hoffmann Schampes a Wéin gesponsort vun Caves Schumacher Lethal , Vinsmoselle, an Caves René Bentz, Digestiv offréiert vun der Brennerei Félix Eischen
Promiserveu(s)ren: Diane Adehm, Félix Braz, Gast Gibéryen, Tom Jungen, Henri Kox, Marc Lies, Patrick Lorgé, Claude Marson, Claude Meisch, Tilly Metz a Martine Mergen A matt der Ennerstëtzung vum Christian Kohn sengem professionnellen Team
|
| géint 13.00 |
Flott Musik matt der Band Saxitude
|
| géint 13.30 |
Kanner-Fussball-Match um Terrain zu Weiler gecoacht vun prominenten Fussballer, op där enger Säit de Roland Schaack an fir d'Géignerteam den Jeff Saibene
|
| géint 14.00 |
Grouss Elvis-Show mam beschtbekannten Steven Pitman am Banquet-Zelt
|
| géint 15.00 |
Matt där flotter Ennerstëtzung vun den Majoretten fiert den Oldtimer-Pompjees-Convoi op den Site
|
| géint 15.15 |
Pompjees-Waasserspill matt prominenter Hëllef aus der Gemeng an den Weiler an Haasseler Pompjeen
|
| géint 16.00 |
Loosst Iech entféieren an eng Welt voller Magie an Illusiounen mam Magier an Hypnotiseur Jerry Logan op der Bühn am Banquet-Zelt
|
| géint 17.00 |
Promi-Moude-Défilé an der Sportshaal: Prominent Model'en aus Politik, Sport a Medien féieren déi nei Fréijoerskollektioun vun Adler-Moud fir Den Coiffer a Stylist Michel Raguet matt sengem Team vun 8 Leit présentéieren nei Kreatiounen Moderatioun: Pierre Dillenburg Kannermoud: Roxy an Maxi Olinger Jugend: Nora Berscheid, Lisa Metz, Carole Wagner, Eric Wagner Prominent Model'en: François Bausch, Jérôme Beck, Tanja DeJager, Félix Eischen, Josette Graas, Mandy Graff, Paul Helminger, Tom Jungen, Marc Lies, Tilly Metz, Miss Luxembourg, Mister Luxembourg, Marie-Angèle Mousel, Lydia Mutsch, Romain Osweiler, Marc Spautz a Martine Mergen
|
| géint 18.00 |
Gérard Valérius brëngt den Basketball vum Himmel erof. Den Cercle Para Lëtzebuerg ënnerstëtzt den Télévie matt engem Demosprong an Tandemsprong zesummen mam Gérard Valérius als Tandempassagéier. Den CPL organiséiert och bei sech zu Noertrange e puer Tandemsprëng zugonschten fir Télévie.
Peppeg a flott Musik matt der Eilerenger Strëpp op an ëm de Site
|
| géint 19.15 |
Promi-Basketspiller fueren matt hirem Routemaster op de Site. Groussen Optrëtt vum Dream-Team ënner der Leedung vum Rocky an Joël Groff. Hir Passagéier an Spiller fir eisen groussen Promi-Basketmatch sin: Marc Bettendorf, Denis Berche, Rol Gehlhausen, Cécile Hemmen, Fränky Hippert, Marc Holtz, Claude Lamberty, Rosi Lehmann, Dan Ley, Marc Oberweis, Emilia Oliveira, Paddy Posing, Carine Risch, Rolly Steinfort, Dan Wintersdorff an Thomas Wolf
Coach: Jean Schiltz
|
| géint 19.30 |
Dem Dream-Team hir Weiler Géigenéquipe get vum Roland Mersch virgestallt:
Coach: Marco Moes Arbiteren: Yves Krack, Herbert Moos an Michel Raguet Spiller: Barbara Agostino, Georges Bach, Ken Diederich, Georges Engel, Pit Faber, Marc Lies, Véronique Linster, Tom Majeres, Jimmy Martin, Tilly Metz, Laurent Mosar, Jeff Saibene, Jean-Louis Schiltz, Jim Schmitz a Claude Wiseler
|
| géint 21.00 |
Baal matt Jeans Generation: flott Oldie's Musik fir Jonk an Aal Virverkaaf vun Entréesbilljeen fir de Baal matt Gratistombola iwer den Organisatiounskomitee oder iwer d'Klibb aus der Weiler Gemeng
|